PRODUITS
Loscht op Drock? Vertraut eis, mir drécken.
Envie d’une bonne impression? Faites-nous confiance, nous imprimons.
D'Annonceblat Diddeleng, personaliséiert Visittekaarten, Logoen, Entêten, Enveloppen, Flyeren, Affichen, Brochuren, administrativ Bléck, Bâchen, Calicot, Entréesbilljeeën, Remerciementer, Invitatiounen an Doktesch Formulairen.
Eise Service « DROCK » ass prett.
Notre service « impression » se tient à votre disposition. Que ce soit pour la feuille d'annonces, pour des cartes visites personnalisées, des logos, des papiers en-têtes, des enveloppes, des flyers, des affiches, des brochures, des blocs administratifs, des bâches, des billets d’entrée, des cartes de remerciement ou invitations et des formulaires médicaux.
Alles ronderem den Dokter
Tout pour le cabinet médical
Mir stinn zu ärer Verfügung fir den Drock vun äre Rezept- a Rechnungs-blieder, souwéi Krankeschäin Ziedelen, Ordonnancen, asw …
Natierlech drécke mir och Är Entêten, Visittekäertercher, a Rendezvous-Kaarten. Awer och Patienten-Dossieren an Enveloppë … faarweg oder schwaarz/wäiss. Fir eventuell Froen si mir fir Iech do, dofir zéckt net a kontaktéiert eis.
Toujours à la disposition pour imprimer vos fiches médicales, comme par exemple des Ordonnances, des Mémoire d’honoraires, des Constats d’incapacité de travail, etc …
Il va de soi que nous imprimons aussi vos en-têtes de lettres, cartes de visite et cartes de rendez-vous ainsi que vos dossiers-patients et vos enveloppes en couleur ou en noir/blanc.
Pour toutes questions supplémentaires, n’hésitez pas à nous contacter.
D’Annonceblat vun Diddeleng
Scho säit 1946 informéiert d’Bliedchen d’Awunner vun Diddeleng iwwer d’Neiegkeete vum Duerf a vun der Gemeng. D’Veräiner kennen hei d’Annoncë vun hiren Aktivitéiten ukënnegen. Och sinn d’Privatleit an d’Entreprisen invitéiert, hir Annoncen am Bliedchen ze publizéieren.
D’Annonceblat Diddeleng (toutes boîtes), mat enger Oplo vu 9.800 Ex., kënnt zweemol am Mount eraus.
D’Annonceblat Diddeleng « Regional » (toutes boîtes: Diddeleng, Obeler, Bierchem, Biergem, Beetebuerg, Béiweng, Krautem, Fenneng, Fréiseng, Helleng, Hunchereng, Keel, Näerzeng, Peppeng, Réiser, Rëmeleng,Téiteng) ass fir fënnefmol am Joer.
Oplo: 25.800 Ex.
Dës Regional-Editioune ginn och a Frankräich verdeelt an zwar zu Escherange, Kanfen, Ottange, Volmerange-les-Mines a Zoufftgen.
